
© Patrick Greis
D'Actrice Michèle Turpel reest aktuell mat hirem drëtten Solo-Programm 'Mämmories' duerch d'Land. Auteur a Regisseur, ass wéi bei deenen aneren 2 Programmer och, de Jemp Schuster, mat deem si och bestuet ass. Wéi et schlussendlech zu deem Mariage koum, ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten am 'Café des artistes' gewuer. Zu der Liewensgeschicht gehéiert och d'Geheimsprooch ënner Zwillingen, d'Léift fir d'Schoul, e Proff, deen et gutt gemengt huet, e Feelstart beim Schwammen, d'Faszinatioun fir d'Schreifmaschinn, déi léif Zigarett, eng gutt Kippchen an d'Angscht virun Uebst apaart mat Kären. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit d'Michèle Turpel dass et als Zwilling eng Geheimsprooch hat. Mir ginn gewuer dass et sämtlech Gebuertsdeeg vu Famill a Frënn am Kapp huet a mir héieren, dass d'Michelle e Steen am Briet bei engem Proff hat a kréien verroden, wéi dat sech gewisen huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen