
© Patrick Greis
D'Michèle Turpel ass déi lescht Joren apaart opgefall duerch hier Solo-Optrëtt aus der Fieder, an ënnert der Regie, vun hirem Mann Jemp Schuster. Mat 'Croque Mëssiö' hat 2009 alles ugefaangen, dat si 67x am Inouï gespillt huet. 10 Joer drop ass d'Michèle mat 'Autopsy' op Tournée gaangen an huet 35 Virstellungen ginn, an zanter leschtem Joer steet si mat 'Mämmories', bal hei bal do, op der Bün wou 31 Virstellungen geplangt sinn. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten et schwéier gehat fir ze Wuert ze kommen an eng ze placéieren. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit d'Michèle Turpel, dass hire Beruffswonsch an Erfëllung goung fir als Sekretärin op engem Büro ze schaffen, well si sou frou mat Schreifmaschinnen ass, an hei gouf och emol de Weekend geschafft, ouni ze meckeren. Mir ginn gewuer dass d'Actrice och staark am schwamme war, an an engem Zeitungsartikel eng Kéier als 'kräftige Michelle' bezeechent gi war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen