
© Patrick Greis
D'Michèle Turpel ass de Moment mat sengem Solo-Programm 'Mämmories' op Tournée. Zu Kiemen, engem Duerf mat 23 Haiser ass et opgewuess, de Papp war Schmadd an d'Grousselteren Bauer. Op d'Bün huet et d'Michèle schonn fréi gezunn a 40 Joer ass et entretemps Member vun den Ettelbrécker Theater Frënn. Et war 7 Joer beim Kannertheater Jaddermunnes an huet a villen Ensembelen Cabaret gespillt. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gouf et iwwer allméiglech Virléiften ausgequëtscht. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit d'Michèle Turpel, dass et kee Frënd vun Hausdéieren ass. Mir héieren dass et sech schuddert bei Uebst wou e Steen dran ass a mir ginn gewuer wéi et zum Bestietnis mam Jemp Schuster koum a wien wien gefrot huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen