
© Patrick Greis
D'Michèle Turpel steet gären op de Brieder déi d'Welt bedeiten, an dat zanter Kand un. Meeschtens am Grupp, zB 40 Joer bei den Ettelbrécker Theater Frënn, dem 'Kannertheater Jaddermunnes', dem 'Cabaret Sténkdéier' an dem Fräiliichttheater 'De Schankemännchen'. Momentan genéisst se awer hir Solo-Optrëtter mat 'Mämmories' zu Iechternach a Groussbus, als Diva. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten munches gewuer ginn, och iwwert d'Gesondheet. Piano: Marc Schmidt
13-02-2025 RTL-Afterwork: mam Michèle Turpel (Donneschdeg)
Muer géint 17h15 verréit d'Michèle Turpel wéi si mat Datzen a Retenue eens ginn ass. Et geet ëm Zigaretten a Kippercher, a mir ginn méi gewuer iwwer e Saz deen der Theateractrice hier Mamm hier vu Klengem un agetriichtert huet, an un dee sech bis haut gehale gouf.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies