
© Patrick Greis
Wann een e Buch iwwer d'Michèle Turpel schreiwe géif, misst een onbedéngt Kapitele wéi Zwilling, fläisseg Schülerin, Schwëmmerin, Theaterschauspilllerin a Fra vum Jemp Schuster notéieren. Am 'Café des artistes' sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten dem roude Fuedem nogaangen, an hunn awer och e puer Iwwerraschungsmomenter erabruecht. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et u ville flotte Momenter aus de Gespréicher mat der Tennislegend Henri Leconte, dem däitschen Auteur Tom Hillenbrand, dem Lëtzebuerger Acteur André Jung, dem Ex-Minister Henri Kox, eisem fréieren 'Directeur de l'Information' Guy Weber an dem Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen