
Haut e Mini am Automag Test. Woubäi Mini jo scho méi laang net méi fir just kleng Autoe steet. De Modell Aceman och, dat mat senger 4 Meter Karosserie a 4 Dieren.
Bonjour bonjour,
Genee och Mini suedelt jo no a no gären op reng E-Versiounen ëm. Den Aceman mécht dann elo den Ufank. Hat zu Paräis um Mondial de l'Auto seng Première gefeiert. Ugangs Januar ware mir mat him ënnerwee. En Auto deen d'Blécker op sech zitt.
Speaker: Dat heescht da wuel e gelongenen Design.
E weess ze gefalen. Kaum vum Haff gefuer gëtt e scho beim éischte Foto Stopp op dee klenge Britt ugeschwat deen d'E-Auto Fraktioun am ënneschte Segment beräichert. E bëssche méi grouss wéi de Cooper, awer manner laang an héich wéi de Countryman, an esou Plaz fir den Aceman an der Mëtt. Passt.
Speaker: Wat gëtt dann u Leeschtung gebueden?
Zwou Versiounen kommen a Fro. Entweder mat der 43 kw/h Batterie mat 184 PS, oder 54 kw/h an 218 PS. Di S Versioun hate mir an do ginn d'Fuerleeschtunge sécher duer, an 170 km/h pakt och net all Elektro Auto. D'Autonomie versprécht um Pabeier 400km, mee bei voller Batterie kréie mir bei kalen Temperaturen knaps 260km affichéiert.
Mee Agilitéit a Fuer Spaass kënne mir attestéieren. An dee berüümte Go-Kart Feeling kritt Mini och beim Aceman hin, a léisst sech an den diverse Fuer Modi ofruffen.
Speaker: Den Interieur, och ganz am bekannte Mini Look?
Och do ännert sech näischt an der Mini DNA. De krees ronnen Display spréngt gläich an d'A, a proposéiert esou vill Informatiounen dass et engem scho bal dronkeg gëtt. Mee eng Partie konventionell Schaltere ginn et och nach. D'Sëtzer si ganz bequeem, an och hannendran hält een et eng Zäitchen aus. An der Top Versioun, déi mir gefuer sinn, och mat schickem Lieder ausgekleet. E puer clever Gimmicks dierfen och net feelen. An d'Mall passen 300 Liter Volume.
Speaker: Du soos den Acemam gëtt et just reng elektresch. Wéi vill Gedold ass da beim Lueden gefrot?
Do ass et keng bonne note dran. Mat grad emol 95kw maximal wëll de Mini geluede ginn. Mir hunn et um Schnellader getest, an och wa mir ganz eleng um Stécker houngen koum net méi wéi 59kw eraus. Also jo Gedold gefrot. Mam Verbrauch vun ëm di 18 kw kann e liewen. Rekuperatiouns Paddelen um Volant ginn et keng.
Speaker: Schloe mir d'Kapitel Präis nach op?
Jo e Mini beweegen heescht och eng Portioun Lifestyle kafen, an dat léisst sech Mini honoréieren. Den Aceman mat der 43kw Batterie gëtt fir knapps iwwer 30 000 Euro lancéiert. Eisen Testauto mat der grousser Batterie + Top Versioun koum op 42 500.
An dach sinn ech iwwerzeegt dass der vill der Meenung sinn, genee esou en Aceman kënnt fir mech a Fro, a mir där deemnächst vill gesinn.
Ok da si mir gespaant. De MINI Aceman ass schonn disponibel a ka bestallt ginn. Fotoen hu mir geschwë foir iech prett op www.radio.rtl.lu