1x d'Joer ass hei uewen um Kierchbierg d''Anime Focal'. Wärend zwee Deeg begéine sech da Gläichgesënnter an tauschen sech ënnertenaner aus. Am Mëttelpunkt stoungen de ganze Weekend Cosplay, Videospiller, Manga, Animé, Figurines a vill Animatiounen. 207 Exposanten hunn versicht fir d'Häerzer vun de Visiteure méi séier schloen ze loossen, an hunn Allméigleches gewisen a verkaaft.

Anime Focal - Exposanten
RTL

Et waren dëst Joer wuel e gudde Krack manner Fans an d'Halen 8 a 9 vun der LuxExpo komm, awer mat 11.000 Leit op zwee Deeg kann een zefridden sinn. Déi zum gréissten Deel verkleete Visiteuren hunn op alle Fall näischt vermësst a ware voll an hirem Element.

Anime Focal - Visiteuren
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL