
© pixabay
Och wann de Radio scho méi dacks ofgewäert gouf, t'éischt duerch Tëlee, méi spéit duerch den Internet, erreecht e bis haut méi wéi 6 Milliarden Nolauschterer weltwäit a bleift domat dee Medium mat der gréisster Resonanz. Mam Weltdag, dee mer haut feiere, mécht d'Unesco op d'Bedeitung vum Radio opmierksam, well vill Mënsche soss vun Informatiounen ausgeschloss wären, besonnesch a Regioune wou déi lokal Radiostatiounen déi eenzeg Quell sinn.
Mir wollte fir de Weltdag vum Radio och vun iech wëssen, ob der nach vill Radio lauschtert a ware mam Mikro eraus.
No hallwer 9 gi mer nach méi am Detail op dëse Weltdag vum Radio an a kucke wat fir eng Roll dëse Medium an der Gesellschaft spillt an awer och wéi d'Zukunft vum Radio ausgesäit.