A punkto Wanterpneuen ass dëse Wanter souwuel bei eisen däitsche wéi och franséischen Nopere "Schluss mit lustig". Well do gëtt een, der Sécherheet op de Stroossen zu Léift, elo eng Nummer méi streng.

17/02/2025 Fuesvakanz am Schnéi: Wanterpneuen

Zum Beispill an Däitschland sinn All Weather- a Wanterpneuen a wanterleche Konditiounen nëmmen nach dann erlaabt wa se dat sougenannten Alpine Zeechen hunn. Frank Maas vum ACL:

"D'Wanter- an All Weather Pneue mussen dann nieft dem M+S Zeechen oder de Bierg-Piktogramm mat der Schnéiflack hunn. Pneuen déi just mat "M+S" an ouni d'Alpine Zeeche gezeechent sinn, wieren da bei wanterleche Konditiounen an Däitschland net méi zougelooss."

A Frankräich ginn et dann och e puer Adaptatioune wat d'Wanterpneuen uginn:

"Do gëtt et och eng Ännerung, awer mat verschidden Nuance par Rapport zu Däitschland. Vum 1. November u muss een a verschidde Biergregiounen a Frankräich säin Auto och mat Pneuen equipéiere wou d'Schnéiflack drop ass. Den Ënnerscheed ass dann, dass net méi déi wanterlech Konditiounen ausschlaggebend si mee vill méi d'Zäitspaan tëscht dem 1. November an dem 31. Mäerz wou dës Pneuen dann obligatoresch sinn."

Déi sougenannte "loi Montagne" gëllt awer wéi gesot just fir d'Biergregiounen. Déi gutt Noriicht ass awer sécherlech déi, dass sech fir eis hei zu Lëtzebuerg näischt ännert:

"Dat heescht wann um Pneu "M+S" drop steet an et ass och keng Schnéiflack drop, ass dat vum Code de la route hier an der Rei. Et muss een awer soen, dass mir vum ACL rode fir awer mat Pneuen ze fueren déi fir wanterlech Konditioune virgesi sinn, dat heescht wou och d'Schnéiflack an de Bierg-Piktogramm mat drop ass."

Allerdéngs sollt ee sech bewosst sinn, dass wann een a Frankräich an eng Biergregioun fiert, ee virdru besser huet e klenge Bléck op seng Pneuen ze geheie respektiv op dat wat do sou drop steet.