© Patrick Greis
International Musek vun engem Lëtzebuerger DJ, Anti-Mobbing-Regelen fir an der Schoul, séier Performancen um Äis a Poetry-Slam vum feinsten, gouf et gëschter am LIVE! planet people op der Telé. Beim Raoul Roos an der Sendung waren den Nosi, Carsten Stahl, Peter Murphy an den Andy Strauß
Den DJ Nosi huet Ufank Februar 'So Good' erausbruecht an d'Zuelen bei de Streams iwwerschloe sech
de Carsten Stahl presentéiert de 26ten Februar um Geesseknäppchen säin Anti-Mobbing Schoulkonzept
de Peter Murphy ass schëtzeg op Schlittschong ënnerwee an ass meeschtens virbäi am Shorttrack
den Andy Strauß weess mat Wieder ëmzegoen a kënnt den 28ten Februar op Nidderaanwen fir eng Soirée mat 'Poetry Slam'