E Mëttwoch den 19. Februar kommen The Bootleg Beatles bei eis op Lëtzebuerg an de Club vun der Rockhal!

13/02/2025 The Bootleg Beatles @ Rockhal Club

The Bootleg Beatles hu sech 1980 aus Cast-Membere vum Broadway-Beatles-Musical "Beatlemania" forméiert. D'Band gëtt et also mëttlerweil iwwer 45 Joer, selwer bezeechnen d'Museker sech als "The World's Premier Beatles' Tribute Band". Haten The Bootleg Beatles am Ufank vun hirer Karriär nach Problemer akzeptéiert ze ginn, hunn ënnert anerem hir Support-Shows fir Oasis hinnen déi néideg Kredibilitéit am Musek-Business a beim Public ginn.

Säit der Grënnung 1980 huet d'Band iwwer 4.000 Concerten an alle Länner vun der Welt gespillt. Zu den Highlights ziele sécherlech den Optrëtt beim gëllenen Troun-Jubiläum vun der Queen Elizabeth ll am Buckingham Palace, d'Headliner-Shows op der Acoustic Stage um Glastonbury Festival oder den Optrëtt zesumme mam Royal Liverpool Philharmonic Orchestra an der Royal Albert Hall.

 

Op hirer aktueller Tour feieren The Bootleg Beatles d'Filmer vun "the Fab Four". Viru genee 60 Joer hunn d'Beatles nämlech hiren Debut-Film "A Hard Day's Night" erausbruecht. De Film war e risege kommerzielle Succès, genee esou ewéi deen zweete Film "Help!". The Bootleg Beatles feieren awer net nëmmen d'Songs aus deenen zwee éischten, mee aus alleguer de fënnef Filmer. D'Tributeband presentéiert ausserdeem hir ganz nei Büneshow mat enger Rees duerch d'Karriär vun där warscheinlech erfollegräichster Band aus der Museksgeschicht. It's un 'Beatle..able' oder wéi den Daily Telegraph schreift: "Less a tribute - more a reincarnation".