
© Patrick Greis
Dës Woch mat de beschte Momenter aus interessante Gespréicher aus de leschte Wochen. Am Juli hat den Henri Leconte seng 61 Joer gefeiert. Déi fréier Nummer 5 an der Tennisweltranglëscht wunnt zu Lëtzebuerg. Am Internationale Profitennis vun den 1980er Joren gouf hien als de 'geniale Clown' beschriwwen. Hien ass ëmmer, souguer a wichtege Matcher, duerch seng Grimassen a seng Gesten opgefall. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hien awer och op déi schwéier Momenter a senger grandioser Karriär ugeschwat. Piano: Marc Schmidt
17-02-2025 RTL-Afterwork: mam Henri Leconte (Méindeg)
Muer géint 17h15 zielt den Tom Hillenbrand firwat seng Krimie ronderëm de Stärekach Xavier Kieffer zu Lëtzebuerg spillen. Mir héieren awer och dass Lieser sech direkt mellen, wann an engem Buch e Feeler iwwer Lëtzebuerg dran ass, an e Floss dee falsche Wee leeft oder well den Haaptpersonnage ze vill fëmmt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies