
© afp
Mat "Like A Complete Unknown" bréngt de Regisseur James Mangold eng Filmbiografie vum US-amerikanesche Singer-Songwriter Bob Dylan op de groussen Ecran. De Film baséiert um Buch "Dylan Goes Electric!" vum Elijah Wald.
New York City an de fréien 1960er: Deen 19 Joer ale Bob Dylan, entdeckt vum Pete Seeger a Woody Guthrie, start seng Karriär als Folkmuseker. Seng Heemecht Minnesota huet hie längst hannert sech gelooss a géint den New Yorker Fräidenker-Quartier West Village getosch. Säin Talent schwätzt sech séier ronderëm, a mat senger Gittar a senge mystesche Performances fëllt de jonken Dylan ganz séier Concertssäll. Hie fänkt Libesbezéiunge mam Sylvie Russo an der Musekerin Joan Baez un, mat där hien och gemeinsam Optrëtter spillt. De Bob Dylan ka sech awer ëmmer manner mat der Folkbeweegung identifizéieren an huet es genuch ëmmer an een Tirang gestach ze ginn. Hie wëll säin eegene Wee goen a kënnt 1965 um Newport Folk Festival op eemol mat enger Elektrescher Gittar op d'Bün!
An den Haaptrolle spillen d'Elle Fanning als Sylvie Russo, d'Monica Barbaro als Joan Baez, den Edward Norton als Pete Seeger an natierlech den Timothée Chalamet als Bob Dylan. An engem Interview mam Zane Lowe vun Apple Music huet de Chalamet verroden, dass hie fir "Like A Complete Unknown" 13 Klassiker vum Bob Dylan astudéiert huet. Zousätzlech huet de Schauspiller fënnef Joer laang mat engem Munharmonika-Coach geschafft an ee Movement-Coach engagéiert, fir de Spillstil an d'Kierperhaltung vum Rock and Roll Hall of Famer authentesch ze verkierperen. Fir seng Roll huet den Timothée Chalamet och eng spirituell Rees gemaach, fir dem Bob Dylan seng Kandheet a Jugend novollzéien ze kënnen. Statioune waren zum Beispill dem Dylan seng Heemechtsstad Hibbing am Minnesota, Chicago oder Madison am Wisconsin.
https://kinepolis.lu/fr/movies/detail/34376/HO00007048/0/a-complete-unknown
"Like A Complete Unknown" vum James Mangold zielt mat aacht Nominéierungen och zu de grousse Favoritte bei den Oscars! De Film leeft vun elo un hei zu Lëtzebuerg an de Kinoen.