
© Patrick Greis
Dës Woch komme mer zréck op e puer vun de beschte Momenter aus de leschte Wochen. Den Tom Hillenbrand ass e Mann mat enger grousser Fantasie. No der Studentenzäit an där e sech d'Haren ofgestouss huet, no engem Praktikum zu Lëtzebuerg bei der europäescher Kommissioun an senger Zäit bei der Telebörse huet hien sech op seng eege Féiss gesat an huet sech Geschichten ronderëm de Stärekach Xavier Kieffer afale gelooss. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten an der Vergaangenheet vum Bestsellerauteur gewullt a sinn op geheimnisvoll Saachen gestouss. Piano: Marc Schmidt
18-02-2025 RTL-Afterwork: mam Tom Hillenbrand (Dënschdeg)
Muer géint 17h15 zielt den Acteur André Jung dass hien säin Talent quasi vu Mamm a Papp an d'Wéi geluecht krut. De vill beschäftegen Acteur verréit dass hien ëmmer e Faibel fir d'Trakteren hat an zielt wéi hien an der Schoul de Spunnes mam Proff gemaach hat.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies