Déi ganz Woch gi mer zréck op e puer flott Gespréicher aus de leschte Wochen. Fir TV-Sendunge gëtt et zu Lëtzebuerg nach keng Präisser, awer DNA mam Guy Weber hätt mat Sécherheet eng Unerkennung verdéngt gehat. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten an der Vergaangenheet vum fréieren RTL-Journalist gewullt a sinn natierlech och op d'Ufäng vun der 'true crime' Emissioun gestouss, wou al Affären a Fäll nees nei opgerullt goufen. Piano: Marc Schmidt

21-02-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Weber (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt de Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater, iwwer seng spannend Theaterjoren als Acteur zu Zürech an zu Wien. An der éisträichescher Haaptstad huet en zum Beispill och seng Wunneng mam Thierry van Werveke gedeelt, wat net evident war. Mir héieren wéi e beim 100,7 gelant ass a 25 Joer Radio gemaach huet, a ginn gewuer dass en sech och aus praktesche Grënn fir d'Aarbecht als Regisseur entscheet huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer Samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen.