15/02/2025 Weekend-Agenda

80 Joer Liberatioun ginn dëse Weekend zu Veianen gefeiert. De Programm huet schonn e Mëttwoch ugefaangen an zitt sech bis muer mat enger helle Wull Stänn a Concerten.

Äishockey kéint een haut och kucke goen. Den Tornado Lëtzebuerg spillt den Owend ëm 19:00 op der Kockelscheier géint Ducs Dijon.

Zu Diddeleng OpderSchmelz ass Jupiter Jones op Besuch.

Dat ass de Concert dee vum 3. Oktober d'lescht Joer nogeholl gëtt. D'Diere ginn um 19:00 op.

A Latino-Kläng da muer den Owend an der Rockhal.

De Spuenier Inigo Quintero, deen och fir e Latin Grammy nominéiert ass, presentéiert ënner anerem seng EP Es Solo Musica. D'Diere ginn um 20:00 op.