D'Actrice Michèle Turpel reest aktuell mat hirem drëtten Solo-Programm 'Mämmories' duerch d'Land. Auteur a Regisseur, ass wéi bei deenen aneren 2 Programmer och, de Jemp Schuster, mat deem si och bestuet ass. Wéi et schlussendlech zu deem Mariage koum, ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten am 'Café des artistes' gewuer. Zu der Liewensgeschicht gehéiert och d'Geheimsprooch ënner Zwillingen, d'Léift fir d'Schoul, e Proff, deen et gutt gemengt huet, e Feelstart beim Schwammen, d'Faszinatioun fir d'Schreifmaschinn, déi léif Zigarett, eng gutt Kippchen an d'Angscht virun Uebst apaart mat Kären. Piano: Marc Schmidt

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et u ville flotte Momenter aus de Gespréicher mat der Tennislegend Henri Leconte, dem däitschen Auteur Tom Hillenbrand, dem Lëtzebuerger Acteur André Jung, dem Ex-Minister Henri Kox, eisem fréieren 'Directeur de l'Information' Guy Weber an dem Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen