Hien huet di amerikanesch Westküst op den Hiphop-Radar bruecht. Erfinder vum G-Funk, Manager, Museker a Producer fir sëllege Staren aus der Branche, deen zum éischte Rap-Milliardär avancéiert. Den Dr. Dre gëtt 60 Joer al. E Portrait.

18/02/2025 G-Funk a Beats

D'Virstad Compton, am Süde vu Los Angeles, gëllt als Wéi vum Gangsta-Rap. Hei kënnt den André Young 1965 op d'Welt, an aus dem jugendlechen DJ gëtt séier och e Rapper a Producer. De Kënschtlernumm ass inspiréiert vum Basketspiller Dr J Julius Erving, Dre ass d'Kuerzform vun André.

Nodeems en mam Grupp N.W.A de Gangsta-Rap populär gemaach an de sougenannten G-Funk erfonnt huet, start den Dre 1991 zesumme mam Suge Knight de Label Death Row Records. Säin éischte Soloalbum kënnt eraus, bei hinne start de Snoop Doggy Dogg seng Karriär, hie produzéiert fir sëlleg aner Artisten, dorënner säin Hallefbrudder Warren G, mee beschte Päerd am Stall ass den Tupac Shakur.

Just virum 2Pac sengem Doud geet den Dr Dre bei Death Row a start säi neie Label Aftermath Entertainment. De Succès geet weider mat neien Nimm wéi Eminem, Xzibit, 50 Cent oder Kendrick Lamar. Den Dre produzéiert awer net nëmmen, puer Ausflich op Hollywood sinn och dobäi. Hie spillt z.B. mat am Oscar-präméierte Film Training Day.

Dat gréisste Geschäft kënnt awer réischt 2006 mat der eegener Kopfhörermark Beats by Dr. Dre. A Kombinatioun mat enger Streamingplattform geet de Business esou duerch de Plafong, dass Apple 2014 d'Firma opkafen. Fir 3.2 Milliarden Dollar. Eng 500 Milliounen dovu sollen am Dr senger privater Täsch gelant sinn.

An hie schafft monter weider. Eege Radioshow, nächste Soloalbum, eege Netflix-Doku an 2022 de groussen Optrëtt an der Half Time Show vum Super Bowl. Privates bleift gréisstendeels privat - 8 Kanner soll den Dr. Dre hunn, vun diverse Frae mat deenen hie net ëmmer fein ëmgaangen ass. Di leschte Scheedung soll 100 Milliounen Dollar kascht hunn.

Mee wann een der nach 700 op der Säit huet, deet dat net schrecklech wéi. An de 60 Joer Dr. Dre ass de Snoop Dogg ëmmer e verlässleche Partner gewiescht. Dësen huet den Death Row Label opkaaft a reaktivéiert, fir dëse Wanter säi neisten Album Missionary ze lancéieren. Natierlech produzéiert vum... Dr. Dre.