Firwat kënnt ee mat moderne Schi esou einfach an d'Kéier? Mister Science, dës Woch si vill Lëtzebuerger an der Schivakanz. Fréier, mat mengen ale Schi, hat ech den Androck, datt d'Kéierefuere méi schwéier war ewéi elo mat moderne Schi. Wéi kann dat sinn?

20/02/2025 Physik vum Schifueren

Dat läit un der Form vun de moderne Schi. Dat si sougenannt Carving-Schi. Den entscheedende Virdeel vun de Carving-Schi ass hir tailléiert Form, de Sidecut: Déi Schi si vir an hanne méi breet ewéi an der Mëtt. Fréier sinn d'Kante vun de Schi bal duerchgeeënd parallel verlaf. De Sidecut huet zanter den 1990er-Joren d'Aart a Weis, wéi mir haut Schi fueren, revolutionéiert: E produzéiert eng natierlech Kéierlinn am Schnéi, wann s de op der Kant fiers. D'Schi glëtschen dann ewéi op Schinnen duerch d'Kéier – kannerliicht. D'Kant gräift an de Schnéi a „schneit“ reegelrecht doduerch. Esou entsteet e stabillen an energieeffiziente Beweegungsoflaf – déi perfekt Kéier. Am Géigesaz dozou huet ee fréier op Schi mat paralleller Kanteféierung méi Kraaft gebraucht, fir an d'Kéier ze kommen, an eng Technik, déi op Rutschen a Géigesteiere berout huet.
 
Wat geschitt da physikalesch, wann ech op Schi eng Kéier fueren?
Beim Schifuere wierken eng Rei Kräften zesummen, fir eng Kéier ze erméiglechen. Dozou gehéieren d'Zentrifugalkraaft, déi de Schifuerer no baussen dréckt, de Grip vun der Schikant am Schnéi an d'Neigung vum Schifuerer. Modern Carving-Schi optiméieren dës Kräften duerch hire Sidecut: Déi tailléiert Form suergt dofir, datt d'Kant bei Kantenasaz méi eng grouss Kontaktfläch mam Schnéi huet an d'Kräften effikass laanscht d'Schilängt verdeelt ginn. D'Material, aus deem d'Schi bestinn, spillt awer och eng wichteg Roll. Et muss eng gutt Kombinatioun aus Steifegkeet a Flexibilitéit bidden. Déi ideal Kéierfaart kriss de fäerdeg, wann s de d'Schi esou op d'Kant drécks, dass de déi ganz Krëmmungslinn vum Sidecut benotz. D'Schi glëtschen dann ouni säitlech ze rutschen duerch d'Kéier.
 
Wéi kritt d'Schikant et fäerdeg, beim Carving esou prezis am Schnéi ze gräifen?

De Grip tëschent der Schikant an dem Schnéi ass entscheedend fir eng stabil Kéierfaart. Dobäi spillen zwee Facteuren eng wichteg Roll: d'Reiwung an den Drockopbau. Wann s de d'Schi op d'Kant drécks, erhéicht sech den Drock op déi schmuel Beréierungsfläch. Dat verstäerkt de Kontakt tëschent der Kant an dem Schnéi. Gläichzäiteg suergt d'Reiwung dofir, datt d'Schi säitlech net ewechrutschen. Modern Schi sinn ausserdeem esou gebaut, datt se ënner der Belaaschtung net verdréien – Fachleit schwätze vun enger héijer Torsiounssteifegkeet. Dat maximiséiert de Grip, an d'Schi bleiwen esouguer bei héije Vitessen an enke Kéiere sécher an der Spuer.

Huet d'Geometrie vun de Schi och en Afloss op d'Breet vun der Kéier?
Jo, an esouguer e ganz groussen! Wat de Carving-Schi an der Mëtt méi schmuel ass, wat d'Kéier, déi s de mat de Schi liicht fuere kanns, méi enk ka sinn. Ausgedréckt gëtt dat mam sougenannte Sidecut-Radius. Typesch Wäerter reeche vun 12 bis 25 Meter, jee nodeem, wou d'Schi agesat ginn: Slalom-Schi hunn e klenge Radius fir enk Kéieren. All-Mountain- oder Freeride-Schi sinn dogéint fir méi breet Schwéng ausgeluecht.
 
A wat kann ech mir an der Zukunft vu Schi erwaarden?
Schi kéinten an Zukunft mat dynamesch upassbare Sidecuts equipéiert sinn. Se passe sech dann un d'Pente an d'Vitess un. An och d'Elektronik kënnt an d'Spill: Sensore kéinten Donnéeën ewéi d'Vitess, d'Pente an d'Textur vum Schnéi moossen, fir d'Schi optimal anzestellen. Dat kéint och manner geüübte Schifuerer d'Gefill vun enger perfekter Kéier vermëttelen. Et bleift also spannend an der Fuerschung!