Och wann een als Meeschter schonn vill verschidden Honn a sengem Liewen hat, kann een nawell munches falsch maachen beim Traitement. All Hond ass anescht, zemol wann et sech ëm eng aner Rass dréit. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth gëtt dofir de gudden Tuyau seng Déieren ëmmer genee z'observéieren, an hinnen op Schratt an Tratt nozekucken.

De jonke Malamute-Mupp Nanook, deen de Mann virun e puer Méint kaaft hat, hätt bis elo keng gutt an der Kopp gehat. Entweder léich hien ze zidderen vun Angscht an dobäi gär och emol ënnert sech ze maachen an een Eck gedruddelt oder géif carrement scho Lächer an d´massiv eechen viischt  Dier bäissen, fir nëmme fort ze kommen. Dowéinst hätt een de jonke Ritt wuel oder iwwel missen mat enger Ketten festbannen. A well de Nanook dat eng ganz schlecht Iddi fonnt huet, hat hien esou laang un deem Déngen gezunn bis d´Ketten eng déif bluddeg eetreg Strumm u sengem Hals gemaach hat, wéinst där hien elo an d´Praxis bruecht gi war.

Romi Roth - en Hond un der Ketten - Problem

Am Fong ass et jo och per Gesetz verbueden, en Hond un enger Ketten ze halen?

Den Malamute, am Fong eng amerikanesch Hondsrass a nach e puer anerer wéi de Sibirian Husky an och de Samojedespitz gi vun der däitscher Kynologin Gudrun Beckmann zu de Nordhonn gezielt. Nord- oder och nach Polarhonn wëlle Schlitter zéien a sinn am Fong näischt ëm eis gemittlech zentral gehëtzten Behausungen. All Dag bräichten si op d´mannst 2 Stonnen Auslaf, soss gi se depressiv a behuelen sech deemno. Well de Nanook, wa säi Meeschter oft net do war, op eemol och wéi e Wollef gehuerelt hat, gouf eng Plainte gemaach. Nodeems säin Hals verheelt war, ass hien dowéinst endlech mat engem Dogwalker uechtert d´Bëscher geholl ginn an huet sech domat ganz geschwënn calméiert a endlech och wuel mat sengem Muppeliewen gefillt.

Romi Roth - en Hond un der Ketten - Problem geléist