
© Patrick Greis
D'Deputéiert an Stater Schäffin hat schonn ëmmer vill Power an huet bis viru kuerzem just 4 Stonne geschlof. Ballet, Piano, Schi a Schlittschong, Waasserschi, Seegelen, Tennis, Reiden stinn oder stoungen ëmmer um Programm a virun 12 Joer huet se 'Skydiving' ausprobéiert. Schonn an der Schoul hat si vill Energie an huet gär gebabbelt an dofir verwonnert et net, dass se Affekotin gouf a spéider an d'Politik gewiesselt ass. Am 'Café des artistes' huet si dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt, firwat 'Angscht' fir si e Friemwuert ass, wéi vill Kazen an Honn si huet, wien doheem kacht, a firwat se scho 4 Mol dem Doud vun der Schëpp gesprongen ass. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 schwätzt d'Deputéiert Simone Beissel iwwert hir Elteren. Mir ginn gewuer, dass si ëmmer e besonnesche Kick brauch fir hir Limitte kennen ze léieren, an dozou gehéiert och d'Experienz vu 'Parapente' als net méi ganz sou jonke Mënsch.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen