D'Simone Beissel zielt d'Stonne guer net, déi sech bei hir all Dag ëm Politik dréine wann ee Stater Schäffin an Deputéiert an engem ass. Am 'Café des artistes' am Gronn huet si dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och verroden, dass si de Sport brauch fir sech ofzereagéieren an a Form ze sinn, an dat net just an der Jugend, mä bis haut. Piano: Marc Schmidt

25-02-2025 RTL-Afterwork: mam Simone Beissel (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 verréit d'Simone Beissel, dass si Tarzan gespillt huet a schlecht gelant ass. Si weist, dass si schonn als Kand en Déckkapp hat, an et geet ëm hir Sendung mam Astrid Lulling wou si wéinst enger Geschicht vun alle Säite vill Kritik krut.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen