
© Patrick Greis
D'Simone Beissel ass eng richteg Managerin, well soss hätt déi geléiert Juristin, a stellvertriedend Friddensriichterin net alles ënnert een Hutt kritt. Se ass Deputéiert, engagéiert Stater Schäffin a Mamm vun zwee Kanner, déi zu all fräiem Moment, deene verschiddenste Sportaktivitéiten nogeet. Am 'Café des artistes' am Gronn kruten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten an Abléck an hiert ofwiesslungsräicht Liewen, ugefaange bei der onbeschwéierter Kandheet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit d'Simone Beissel dass si Memberen aus der groussherzoglecher Famill Judo bäibruecht huet. Mir ginn gewuer dass si och bei de Scouten an am Ballet war. Just kachen kann se net.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen