Zanter 1987 bestëmmt d'Politik der Simone Beissel hiert Liewen. Deemools ass se gläichzäiteg vum Camille a Lydie Polfer gefrot gi fir d'DP an de Walen z'ënnerstëtzen a bis haut ass si hirer Partei an der Stater Märei awer och an der Chamber trei. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten bis an d'Kandheet zréckgaangen a sinn op e puer monumental Geschichte vun der energescher Politikerin gestouss. Piano: Marc Schmidt

27-02-2025 RTL-Afterwork: mam Simone Beissel (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 verréit d'Simone Beissel, dass bei hier sech Honn a Kaz gutt verdroen. D'Politikerin verréit, dass se scho 4 mol mam Liewen dervunner komm ass, an dass ee Fall domadder zesummegehaange huet, wéi se sech an en Alpinist verléift huet an eng Konkurrentin an d'Spill koum.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen