Am Liewen vum Simone Beissel war et bis elo ni langweileg, a wann awer sicht d'Politikerin sech séier e neie Kick. Déi geléiert Affekotin klëmmt, schwëmmt, seegelt, mécht Judo, spillt Piano, an Ballet huet se als Kand och gemaach. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och Kandheetserënnerungen vun der Lampertsbiergerin gesträift an hunn am Privatliewen gefuerscht. Piano: Marc Schmidt

01-03-2025 RTL-Afterwork: mam Simone Beissel (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un der Mme Erna Hennicot-Schoepges, vläicht och nach bekannt als d'Colette vum Radio. Déi fréier Ministesch an éischt Chamberpresidentin verréit wéi dat wierklech war mat de Steng beim Pei Musée. Mir ginn gewuer dass si houfreg op hire Rond-point zu Walfer ass. Mir héieren firwat si zwee Fligelen doheem huet, wéi se hire Mann kennegeléiert huet, an si gëtt d'Rezept vun engem gléckleche Mariage deen bis haut unhält.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen