Et gëtt iwwersiichtlech nei Filmwochen an da gëtt et chargéiert nei Filmwochen. An da gëtt et dës nei Filmwoch. Néng Filmer si vun dëser Woch un nei am Programm – dorënner e Musekerbiopic, europäesch Filmer an zwee Animatiounsfilmer. An et ass elo um Tom Dockal, dat alles ënner dräi Minutte virzestellen. Top Chrono.

190225 Nei am Kino 15h40

Filmer ronderëm d'Liewe vum Bob Dylan gëtt et der schonn eng ganz Rëtsch. A Complete Unknown vum James Mangold ass elo deen neitsten an e serieuxen Oscar-Kandidat. Den Timothée Chalamet, deen d'Roll vum Folk-Gott Dylan verkierpert ass esou e Kandidat natierlech, mee net just hien. De Film erzielt vum Dylan senger Arrivé Ufank de 60er an der Folk-Zeen vu Greenwich Village. Soll d'Klischeeën, déi mat dësem Worf Film Hand an Hand ginn, clever iwwergoen. Mee keng Angscht: immens vill Bob Dylan Musek ass dran.

September 5 erzielt eng Geschicht aus de fréie 70er. An zwar déi vun der Geiselnam am olympeschen Duerf zu München 72. Aus dem point de vue vun enger amerikanescher Telésekipp, déi d'Evenementer couvréiere muss.

L'attachement vum Carine Tardieu erzielt vu familiäre Lien'en, vun Deuil a vu Verbonnenheet. An engem Film mam Valeria Bruni Tedeschi, Pio Marmaï, Vimala Pons an dem Raphaël Quenard. An deen iwwert de ganze Bord ganz gutt Kriticke kritt.

Ëm Deuil geet et och am islännesche Film When The Light Breaks. Bannent 24 Stonne begleet de Film eng jonk Fra, déi e grujelegt Accident zweemol verschaffe muss. E zeréckhalende Film, deen dem Drama aus dem Wee ze goe versicht.

An am Film Confidenza geet et ëm genee dat. D'Vertrauen tëscht zwéi Mënschen, déi mat engem Coup een deem aneren d'Liewen op d'Kopp geheie kënnen. Deen ee Mënsch ass e Proff, deen aneren eng jonk Fra, déi eng Affär matenaner hunn.

Mee et ass nach net alles: am Film Mercato kënnt de James Debbouze an d'Bredouille an der Roll vun engem Agent fir Futtballsspiller. An dann ass d'Elodie Bouchez ass iwwerfuerdert mam Retour vun enger Exflaam vun hirem Mann. Am Film Dis-moi juste que tu m'aimes. An ofschléissend gëtt et nach zwee quietschfuerweg Animatiounsfilm mat anthropomorphiséierten Déieren. Engersäits 200% Wolf an anerersäits Une nuit au zoo.