Ofhuelen geet net vum selwen, an och net vun haut op muer. Et muss ee sech selwer motivéieren, an dru bleiwen. Den Dr Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare mengt souguer dass ee Spaass dru fanne muss, soss léisst bemol d'Loscht no an et léisst een alles nees schleefen. Virun der Faaschtenzäit hei schonn 4 ënnerschiddlech Iddien fir Gewiicht ze verléieren.

Net nëmmen dass eng Seance Spinning Kalorien verbrennt, se reduzéiert 'Ghrelin', dat ass en Hongerhormon an änlech wéi beim Ozempic gëtt am Kapp den GLP1 Rezeptor méi stimuléiert. Den Effet ass leider just net op Laangzäit. 

Ballaststoffer, en anert Hormon YY, dat den Honger reduzéiert gëtt duerch Ballaststoffer stimuléiert, besonnesch wa se mat Proteinne geholl ginn.

Dr Marc Keipes - ofhuelen mécht Spaass

2 guttgemengte Rotschléi hätte mer nach. Do wieren beispillsweis d'Huewerflacken.

Déi och als 'Oats' bekannten Kären, sinn räich un engem speziellen Ballaststoff, de Beta-Glucanen, déi d'Verdauung méi lues maachen, an d'Gefill vum gesiedegt sinn verlängeren. Domadder natierlech och den Appetit bremsen. Also Porridge ouni Zocker, eventuell mat nach e bësschen Ee derbäi. Typ Nummer 4: Wann et dann awer e Snack muss sinn, da wéinstens eppes Wäertvolles wéi Uebst, Nëss, Humus. Domadder limitéiert een den Zocker an Insulinschwankungen déi rëm Honger géife maachen. Vill Disziplin wënsche mer Iech, da bleift der gesond.

Dr Marc Keipes - ofhuelen ouni Hongergefill