
© Patrick Greis
Iessen an Drénken hält Läif a Séil zesummen, heescht et, an mécht d'Keess vum Télévie frou, kann een derbäi soen. Zu Käerch haten d'Fraen a Mammen gëscht op eng Kaffisstuff invitéiert. D'Wieder huet hinnen zwar net an d'Kaarten gespillt well d'Sonn huet gelaacht iwwer Bierg an Dall, an nawell hate si sech Rendez-vous ginn zu ganz vill, am Remigiussall.
Kaffiskränzchen fir den Télévie zu Kaerch
Kaffiskränzchen fir den Télévie - Organisateuren

A wann d'Fraen a Mammen invitéieren kommen d'Männer och gären derbäi an haten de Portmonni labber sëtzen, sou dass déi Dammen déi d'Kaarten fir d'Tombola verkaaft hunn, net vill hunn brauchen ze soueren. T'ass jo fir e gudden Zweck.
Kaffiskränzchen fir den Télévie - Leit






Am meeschte gelies