Ee Film, deen elo méi wéi aktuell ass, wéinst der ugeschloener Gesondheet vum Poopst Franziskus, ass de Film ''Conclave''. Wann de Poopst stierft, muss en neie Poopst gewielt ginn a genee dorëm dréint dëse Film, deen dat lescht Joer erauskoum. Dëse krut ganz vill Unerkennung a Form vun Nominéierungen an Auszeechnungen. An et ass e Thriller, dee realiséiert gouf vum Edward Berger an deen um Roman vum Robert Harris baséiert. An den Haaptrolle brilléieren de Ralph Fiennes, Stanley Tucci an den John Litgow.  D'Marie Gales mat engem klenge Resumé.

02/03/2025 Film Conclave

De Poopst ass dout, et muss en neie Poopst gewielt ginn. Do wiere mir da beim Titel vum Film. Dës Versammlung vun de Kardineel, déi berechtegt si fir en neie Poopst ze wielen, nennt ee Konklav. Dëse Walgremium gëtt agespaart, bis da gewielt ass wien den neie Poopst gëtt. De Ralph Fiennes spillt den Dekan, deen dës Konklav leet.
Mä wien ass dee Richtege fir den neie Poopst ze ginn? Den Dekan huet do net eleng d'Soe bei dëser Wiel, do sinn nach déi aner Kardineel all mat hiren Usiichten an hire Geschichten. 4 Kandidate stinn zur Wiel, och all mat hire Stäerkten a Schwächten.

De wäissen Damp, also d'Zeechen, datt eng Decisioun geholl ass, léisst op sech waarden. E puer mol muss gewielt ginn, bis een sech dann eens ass, wien den neie Poopst ass an da kann den Innozenz de 14. dem Public presentéiert ginn.
Firwat d'Kardineel schlussendlech den Innozenz de 14. wielen a wat fir Geheimnisser dësen neie Poopst huet, da gesäit een am Film ''Conclave''. Dëse leeft nach am Kino an ass och op verschiddene Streaming Plattformen ze gesinn.