No de Bundestagswalen an Däitschland stinn d’Resultater elo fest. D’Unioun huet déi meeschte Stëmme kritt, d’AfD kënnt op déi zweete Plaz. An der politescher Landschaft bei eise Noperen zeechne sech massiv Ännerungen of. Eng Korrepondenz vu Berlin vum Claire Schmartz.
„Wir, die CDU und die CSU, die Union, wir haben diese Bundestagswahl 2025 gewonnen“, sot den Friedrich Merz gëschter Owend, ier d’Stemmen nach ganz ausgezielt waren – well sech d’Resultater vun de Wale scho däitlech ofgezeechent hunn. D’Union huet tatsächlech déi meeschte Stemmen kritt an den Friedrich Merz domat gutt Chancen den nächsten Bundeskanzler ze ginn. Mä kann een dat wierklech eng kloer Wal-Victoire nennen?
Dëst Joer goufen et historesch Decalagen an de Resultater.
Mat ënner 30 % – wéi nach an den Walprognosen ugekënnegt – ass dat dat zweetschlechtste Resultat an der Geschicht vun den Unionsparteien– an dobäi gouf et no der Opléisung vun der Ampelregierung an der entspriechender Frustratioun an der Populatioun Potenzial fir nach vill méi Stëmmen ze kréien.
Och d’SPD, déi an der leschter Regierung déi stäerkst Partei war, huet gescht schlecht ofgeschnidden. Mat 16,4 % huet si dat schlechtste Resultat an der Geschicht vun der Partei. Den Olaf Scholz: „Das ist ein bitteres Wahlergebnis für die sozialdemokratische Partei. Das muss einmal klar und deutlich gesagt werden“.
Positiv ass déi immens grouss Wal-Participatioun vun 82,5 %. Esou vill Mënschen hate sech zanter Joerzéngten net mei op de Wee bei d’Urnen gemaach. D’FDP ass ënner 5% gelant, woumat déi Liberal aus dem Bundestag verschwannen an ofzewaarden bleift, wéi séier an ob sech d’Partei vun dësem Réckschlag erhuelen kann. De Christian Lindner, wéinst deem déi lescht Regierung opgeléist gi war, huet ugekënnegt, sech aus der Partei zeréck ze trieden, déi domat hire bekanntste Politiker verléiert.
Iwwerrascht huet vrun allem dat staarkt Resultat vun de Lénken, trotz dem Ofsplécke vun BSW, déi op bal 9 % komm sinn. An der däitscher Haaptstad huet d’Lénkspartei däitlech gewonn, mat bal 20% vun den Zweetstëmmen a bal 22 % Éischtstëmmen – e Rekord a Berlin fir d’Partei, bal duebel sou héich wéi nach 2021. De Gregor Gysi soll elo Alterspresident vum neie Bundestag ginn.
Am meeschte verbessert huet sech allerdéngs d’AfD, déi mat iwwer 20 % hiert bescht Resultat zanter hirer Creatioun gemeet huet, d’Alice Weidel: „Und wir werden, das kann ich ihnen versprechen, die anderen jagen, dass sie vernünftige Politik für unser Land machen.“
Och wann eng Koalitioun aus CDU/CSU an AfD rechneresch am stäerkste wier, gouf des Méiglechkeet am Walkampf bis elo kloer ausgeschloss – net zulescht an der rezenter Brandmauer-Diskussioun nom Gesetzesprojet fir en neit Migratiounsgesetz. An engem nächste Schrëtt geet et elo an d’Koalitiounsverhandlungen, viraussiichtlech mat der SPD - a vlait och mat de Gréngen. Dozou nach emol de Friedrich Merz: „Wir haben einen sehr harten Wahlkampf geführt. Dieser Wahlkampf ist trotzdem richtig und notwendig gewesen, auch in der Auseinandersetzung um die wichtigen und großen Themen unseres Landes: um die Wirtschaftspolitik, um die Migration, um die Außen- und Sicherheitspolitik, um die innere Sicherheit. Aber jetzt werden wir miteinander reden – und es geht vor allem darum, so schnell wie möglich eine handlungsfähige Regierung in Deutschland zu schaffen, mit einer guten parlamentarischen Mehrheit, denn die Welt da draußen wartet nicht auf uns.“