
© Patrick Greis
Lount et sech nach eppes um Liewensstil ze änneren wann een 50 oder 60 Joer al ass? Den Dr Marc Keipes, Dokter aus dem GesondheetsZenter op der Gare liwwert jo reegelméisseg gutt gemengten Rotschléi fir e gesond Liewen. Mee gëllt dat nëmme fir déi Jonk, a nëtzt eng Ëmstellung nach am Alter, oder ass den Zuch dann definitiv fort?
Kloer ass, dass vill Krankheeten, wann se bis installéiert sinn net méi komplett fort ginn. An der Preventiounsmedezin siche mer am léifsten no Risikofacteuren iert d'Krankheet sech installéiert huet. Verschiddenes kënne mer dann ganz meiden, aner Saachen mindestens Joren no hannen drécken. Wa schonn Häerzinfarkt, dann besser mat 70 wéi mat 50. Net nëmmen well een dann 20 Joer gelieft huet ouni, mee d'Medezin mécht och Progrèsen an d'gëtt een besser behandelt wat een sou eng Krankheet méi spéit kritt.
Awer net nëmmen d'Liewenserwaardung kann doduerch besser ginn, och a virun allem d'Liewensqualitéit.
Also wann ee mat 20 méi gesond ësst, kann een jo no dëser Etüd bis zu 10 Joer gutt maachen. Wann een eréischt mat 50 ufänkt, ëmmerhin nach bis zu 8 Joer. Souguer mat 70 géif et der nach 3 Joer an der Moyenne ginn. Wann een mat 50 ophält mat fëmmen, kënnt een dëser Etüd no ëmmerhin nach 4 Joer wannen. Also och wa mer keng perfekt Gesondheet hikréien, se ass ze verbesseren. Ëmmer drun denken, et geet net ëm d'Perfektioun mee ëm d'Progressioun, da bleif dir gesond.