A mol net enger Stonn ass et esou wäit. Um 20:00 leeft deen éischten Episod vu 'Marginal', der neier Lëtzebuerger True Crime Serie op Tëlee Lëtzebuerg. Schwaarz/wäiss Kriminalgeschichten, déi eis mat un den Ufank vum 20. Joerhonnert huelen. De Moie beim Michelle Reiter an der Sendung gouf et, zesumme mam Regisseur Loïc Tanson a mam Schauspiller Timo Wagner en exklusive Bléck hannert d'Kulissen.

Fir déi Kriminalgeschichten zesummen ze stellen, si ganz vill Recherche gemaach ginn. Artikelen, Prozesser, Protekoller vu spannende Geschichte gelies. A wéi wäit hält d'Serie sech dann un d'Fakten, well wann eppes verfilmt gëtt, muss jo och gekuckt ginn, dass d'Geschicht ronderëm stëmmt? De Regisseur Loïc Tanson.

25/02/2025 Best-Of Marginal 1

Et probéiert een natierlech ëmmer am Respekt vun de Personnagen, der Geschicht an de Fakten ze sinn. Fakt ass awer, dass verschidde Fäll vill méi laang si wéi déi Stonn déi mer hate fir se ze erzielen. Dat heescht, et  probéiert ee Saachen ze fiktionaliséieren, ze kompriméieren, mee awer ëmmer am Geescht vun deem wat geschitt ass an an der Moral vun deem wat mer wëllen erzielen.

All eenzelen Episod zielt eng Geschicht. Dat Konstant un der Serie, dat sinn d'Acteuren, déi sech mat der Zäit och weider entwéckelen. Wat allerdéngs, esou wéi gedréit gouf, net ganz einfach war. De Schauspiller Timo Wagner, an der Serie de Brigadier Léon Clemens.

25/02/2025 Best-Of Marginal 2

An deene véier Folgen, dat geet jo iwwer 8 Joer, muss och déi Figur vum Léon Clemens weider entwéckelt ginn. Soss gëtt et och séier langweileg. Dat war e bëssen en Challenge well d'Episoden net der Rei no gedréit goufen. Et sinn Szenen aus zwou bis dräi Episoden an engem Dag gedréit ginn an deementspriechend huet ee sech do missen upassen.

Intressant och ëmmer ze wëssen, wou da gedréit gouf.

25/02/2025 Best-Of Marginal 3

Bësse queesch duerch d'Land awer net nëmmen hei am Land. Mir hunn an der Stad gedréit. Mir hunn an de Kasematten gedréit wat eng super Erfarung war fir do kënne Plazen ze weisen déi een net sou direkt erkennt a wann een eraus gesäit aus dem Tunnel vun de Kasematten an d'Stad da weess een direkt wou een drun ass. Gedréit gouf och zu Réimech, Meesebuerg, Neufchâteau a Frankräich an och zu Diddenuewen well déi Alstad eppes hier ginn huet wat mer hei net esou haten.

'Marginal', den Numm vun der Serie ass gutt gewielt, well et ëm Leit geet déi, meescht gezwongenermoossen um Bord, an der Marge vun der Gesellschaft liewen. D'Atmosphäre ass wuel düster, awer et si keng brutal Szenen ze gesinn, Loïc Tanson.

25/02/2025 Best-Of Marginal 4

Mir gesi keen aktive Mord an der Serie. Mir kommen ëmmer mam Brigadier Clemens a mam Untersuchungsriichter Henrotin op d'Plaz wa schonn dat Schlëmmst geschitt ass an da ma mer eis op d'Spueren vun deem wat geschitt ass.

Den éischten Episod vun der neier True-Crime-Serie 'Marginal' leeft elo um 20:00 op Tëlee Lëtzebuerg.