Télévie an natierlech Fuesent.

01/03/2025 Agenda fir de Weekend

Haut ass d'Aktioun Télévie an der Schwämm Piko zu Rodange. Bis den Owend 18:00 kann ee do Zumba, Tauchen, Aquabike an Aquagym probéieren.

Um 19:00 fänkt dann e Flotte Museksowend am Pontebier zu Schuller un. Och hei gëtt fir den Télévie gesammelt.

Och op der Musel gëtt fir de gudden Zweck gesammelt, muer um 11:30 fänkt den Charity Lunch am Centre Maus Ketti zu Biermereng mam Chefkach Christophe Lequy un.

A muer de Mëtten vun 14:30 bis 17:30 ass zu Dippech am Centre Culturel en Thé Dansant mam Jemp a Jeannot.

Fir de Rescht dominéiert dëse Weekend d'Fuesent. Wéi zum Beispill mam Musel am Dusel den Owend zu Rëmerschen an der Kellerei, de Clochards-Bal mam Mickie Krause zu Déifferdeng oder de Fortissimo zu Hesper. A muer natierlech d'Dikrecher Kavalkad.