
© RTL Walter Wehner
Wat den Tatort sonndes bei der ARD, dat ass den 'Tödlichen Dienst-Tag' dënschdes op RTL. No den Episoden vun 'Dünentod' mam Hendrik Duryn, ass et elo d'Veronica Ferres déi haut an nächsten Dënschdeg als Ermëttlerin iwwerhëlt. 'Alpentod - Ein Bergland-Krimi' ass d'Iwwerschrëft vun den zwee Fäll, an d'Actrice verréit dass d'Landschaft déi heemlech Haaptroll spillt.
D'Veronica Ferres déi bekannt ass duerch Filmer wéi 'Unholy Trinity' oder 'Die Frau vom Checkpoint Charlie' spillt hei nieft dem Tim Oliver Schulz deen bei 'Systemfehler' oder 'Club der roten Bänder' matgespillt huet. D'Schauspillerin freet sech op hier Roll, well se eng gebrachen Fra verkierpert.
Depressiounen hunn hier d'Liewen schwéier gemaach, an dat mécht d'Roll ëmsou méi interessant fir d'Veronica Ferres. Vläicht nach e Wuert zum Erzielstil vum Film. De Film huet eng aner Handschrëft, et gëtt behaapt et wier e 'moderne Krimi'.
Haut den Owend um véierel op 8 léift den éischten Deel vun 'Alpentod - Ein Bergland Krimi', an den zweeten Deel erwaart Iech dann nächsten Dënschdeg ëm déi selwecht Zäit. Wien et awer net erwaarde kann, kann mat RTL+ direkt lassleeën, well do sinn déi zwee Episoden elo schonn prett a waarden drop gekuckt ze ginn.