
© RTL / Guido Engels
Et kennt een den Tim Mälzer zanter bal 25 Joren op der Tëlee. 2003 huet hie mat der Sendung "Schmeckt nicht, gibt's nicht" d'Fernseewelt e bësschen duerchernee gerëselt, als däitschen Jamie Oliver. Hie schwätzt eng aner Sprooch wéi aner Käch, huet eng grouss Babbel, awer och e grousst Häerz. Dat weist hien awer net just hannert de Kachplacken, mee och an anere Formater, wéi "Zum Schwarzwälder Hirsch", wou hie mat enger aussergewéinlecher Kichecrew zesummegeschafft huet.
D'Vox-Serie "Zum Schwarzwälder Hirsch" koum net just beim Public gutt un, mee gouf och mat Präisser iwwerschott. De 54 Joer ale Kach sicht sech natierlech ëmmer nei Challengen, a leider huet säi Privatliewen him e neie Sujet opgedrängt.
Zesumme mam Acteur André Dietz, deen aus "Alles was zählt" bekannt ass, huet hien e neie Projet op d'Bee gesat. "Herbstresidenz" ass e Generatiouneprojet an dokumentéiert den Alter, an dass een dann net noutgedrongen zum alen Eise gehéiert. Den Tim Mälzer huet awer net just gutt Erfarunge bei den Dréiaarbechte gemaach. Hien ass selwer fir zwee Deeg an e Foyer fir eeler Leit erageplënnert.
A wéi et weider geet mam Tim Mälzer, deen eng komplett nei Welt kenneléiert, déi am Prinzip eréischt an e puer Joer op hie waart, gesitt Dir den Owend um 20h15 Auer op Vox an der Doku "Herbstresidenz". Et si véier Episoden, an déi kënnt Dir elo schonn all op RTL+ en suite kucken.