Eng 'Grande Dame' aus der Politik, vläicht och nach bekannt als d'Colette vum Radio. Déi fréier Ministesch an éischt Chamberpresidentin verréit, wéi dat wierklech mat de Steng beim Pei Musée war. Am Café des artistes' ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer, dass si houfreg op hire Rond-point zu Walfer ass. Mir héiere firwat si zwee Fligelen doheem huet, wéi se hire Mann kennegeléiert huet, an si gëtt d'Rezept vun engem gléckleche Mariage, dee bis haut unhält.

03-03-2025 RTL-Afterwork: mam Erna Hennicot-Schoepges (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Mme Erna Hennicot-Schoepges wéi si als Animatrice bei de Radio koum a firwat se do Colette genannt gouf. Mir héieren, dass hire Brudder dru Schold war, dass si an der Politik gelant ass, a ginn gewuer, dass hire Mann och als Hausmann ganz passabel war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen