D'Gemengepolitik, déi national Politik awer och déi europäesch Politik waren et déi d'Erna Hennicot-Schoepges zu deem gemaach hunn, wéi mir se haut kennen. D'Diddelengerin huet Musekswëssenschaften, Literatur a Philosophie studéiert, als Basis fir alles dat wat duerno koum. Am 'Café des artistes' am Gronn kruten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten nach e puer aner Säiten vun hir presentéiert, déi méi onbekannt sinn. Piano: Marc Schmidt

04-03-2025 RTL-Afterwork: mam Erna Hennicot-Schoepges (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 verréit d'Erna Hennicot-Schoepges, dass si och an der Gemengepolitik vill Iwwerzeegungskraaft gebraucht huet, zB fir de Rond-point bei der Kierch zu Walfer duerchzesetzen. Si huet sech agesat fir Chancëgläichheet vu Mann a Fra an zielt firwat si virgeheit krut aus Walfer e klengt Venedeg ze maachen.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen