D'Erna Hennicot-Schoepges duerf houfreg sinn, op alles wat se erreecht huet als Pianistin, Buergermeeschtesch, Deputéiert a Ministesch. Se gouf dowéinst och dacks dekoréiert mat enger Medail fir hier vill Verdéngschter, ea krut si 2002 'Grosses Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich'. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hannert d'Kulissen vun de ville Joren an der Politik geluusst. Piano: Marc Schmidt

05-03-2025 RTL-Afterwork: mam Erna Hennicot-Schoepges (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 verzielt d'Erna Hennicot-Schoepges méi iwwer d'Rockhal an d'Abtei Neimënster déi si op d'Schinn bruecht huet. Mir gi méi iwwer d'Qualitéiten vun hirem Mann gewuer, héiere wou se sech kennegeléiert hunn, a kréien de Schlëssel vun engem gléckleche Mariage deen bis haut hält.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen