D'Erna Hennicot-Schoepges huet eng grouss Bandbreet ze bidden, vun der Pianistin, Animatrice um Radio bis bei d'Ministesch a Chamberpresidentin ouni hier Zäit als Buergermeeschtesch ze vergiessen. Am 'Café des artistes' gouf deene sëllegen Funktiounen Rechnung gedroen an den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sinn och munch Privates iwwer déi gebierteg Diddelengerin gewuer ginn. Piano: Marc Schmidt

06-03-2025 RTL-Afterwork: mam Erna Hennicot-Schoepges (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 verzielt d'Erna Hennicot-Schoepges, dass si als Ministesch vill Projeten reegelrecht duerchgeboxt huet, ea d'Uni, wou deemools jiddereen duergéingt war. Als gréisst Leeschtung nennt si selwer de Courage deen se hat fir de Bauteministère ze froen, wou se op vill Skepsis bei de Beamten gestouss ass a se séngt e Lueflidd op hire Mann, an deen si eemol wéi d'anert verléift ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen