
© Patrick Greis
Vun 1988-1995 war d'Erna Hennicot-Schoepges Buergermeeschtesch vu Walfer a bal parallel war si vun 1989 bis 1995 Chamberpresidentin. Vun 1995 bis 2003 huet se d'Geschécker vun hirer Partei als Presidentin geleet an tëscht 1995 an 2004 hat si och verschidden Ministèren ënnert sech. Am 'Café des artistes' am Gronn huet sech beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dann och vill ëm d'Politik gedréit, awer déi Saachen déi ee soss net sou gewuer gëtt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 muss d'Erna Hennicot-Schoepges sech entscheeden tëscht Safari oder Expeditioun mat Schlittenhënn. Mir héieren op si frou war fir Nationalfeierdag e schéinen Hutt opzesetzen, op een sech geschwënn op hier Memoiren freeë kann, a wat si vun hirem Numm am 'Feierkrop' gehalen huet, mat deem se ëmmer nees op d'Schëpp geholl gouf.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen