Vill Chaos, handwierklech Feeler, d’Suen zur Fenster eraus gehäit. Dat waren d’lescht Woch éischt Reaktiounen, wéi d’Cour des Comptes der Budgetskontrollkommissioun an der Chamber éischt Erklärungen zu hierem Spezialrapport iwwert de Large-Scale-Testing ginn huet. D’Michèle Sinner hat de Moie scho verschidde Punkten opgegraff. Notamment, datt d’Depense-kritären an der éischter Phas net prezis genuch genuch waren, fir ofzerechnen, wat reell u Prelevementer a Tester gemaach gouf, mee datt de Labo op hir Käschten einfach Margen drop geschloen huet. Gouf dat fir déi speider Phasen geännert? 

03/03/2025 Q&A Large Scale Testing