5 Joer sinn et hier, dass Corona eis mat enger anerer Welt an enger anerer Liewensweis wéi mir se gewinnt waren, iwwer Nuecht konfrontéiert huet. D'Reegelen zu wéi vill ee sech gesinn konnt, wann iwwerhaapt, Lockdown, d'Schoulen zou. Saachen déi ee sech virdrun ni virstelle konnt. Momentan gëtt nees vill driwwer geschwat op alles richteg war, oder awer iwwerdriwwen. Et geet vun Long-Covid rieds a Leit déi gesondheetlech net gutt drun sinn. Mee wien kënnt dofir op, wien hëlt d'Haftung? Ass dat de Staat oder d'Pharmaindustrie?

04/03/2025 Fro den Affekot