
© Pixabay
D'Realitéit ass dacks haart. Di alternativ Realitéiten an de soziale Medien sinn dacks nach méi haart. Wat d'Lag méi eescht, wat d'Auteure vun alternative Wouerechte méi aktiv ginn. Wann et der Lëtzebuerger Plattform LetzAI no geet, sollt ee sech beim Konsomméiere vun Online-Contenu virun allem op säi gesonde Mënscheverstand verloossen.
Kaum hate sech d'Hären Trump a Selenskyj verbal an d'Hoer krit am Wäissen Haus, sinn och schonn déi éischt Online-Videoen zirkuléiert, an deenen et (täuschend echt) zur physescher Eskalatioun kënnt tëscht deenen 2 Staatscheffen. Kreéiert vu generativer KI, gedeelt vun Internettrollen, de préférence op "X". De CEO vun der Lëtzebuerger Plattform LetzAI Misch Strotz erkläert, wéi sou Clippen entstinn:
M.S.: Et hëlt een en Ausschnëtt aus dem Video an da geet de Programm hin a generéiert dat wat hie mengt wat aus deem Bild entstoe géif, wann déi Leit sech bekämpfe géifen. Da ginn et och nach Methoden wou een en Ausgangsbild kann huele wat d'office guer net real war, dat heescht et generéiert ee scho mat der KI en erfonnte Bild an dann animéiert een dat iwwert di selwecht Methoden.
Nach kann ee relativ gutt a séier erkennen, dass sou Videoe Fälschunge sinn. Mee, kënschtlech Intelligenz entwéckelt sech mat risege Schrëtt. Wien sinn déi Leit, déi sou Contenue produzéieren? Stiechen eventuell souguer politesch Motivatiounen dohannert?
M.S.: Sou witzeg Videoe si natierlech predestinéiert fir Klicks ze kréien, a natierlech ginn et ganz vill Leit déi di Outilen hunn. Ëmmer wann da sou e virale Moment entsteet wéi do am Oval Office, da sinn déi natierlech direkt prett. Meeschtens sinn déi Leit net béisaarteg - do geet et einfach drëms, eppes Witzeges ze releasen a Klicken ze generéieren.
Wéi wäit kontrolléiert gëtt, wat echt ass a wat net, hänkt ënnert anerem vun de jeeweilege Plattformen of, sou de Misch Strotz vu Letz AI. Awer net nëmmen...:
M.S.: Mam European AI Act dee lo kënnt, sinn d'Plattformen am Fong an der Flicht KI-Contenu ze markéieren, dass ee gesäit dass deen do Contenu mat Hëllef vu KI erstallt ginn ass. Et hänkt awer ëmmer och vum jeeweilege User of, ob deen dee Label gesäit oder ob dee scho seng Schlussfolgerung direkt zitt. Mee ech mengen do ass et haut och einfach esou, dass jiddereen sech d'office muss d'Fro stelle wann en am Internet ënnerwee ass, ob dat wat en do gesäit oder liest, tatsächlech real kéint sinn...
Kontrollorganer a -methoden gëtt et der eng ganz Partie:
M.S.: An der Praxis gëtt et net just eng Method, déi ëmmer funktionéiert. Et gëtt och Initiative fir Content aktiv ze labelen, an dann aner KI'en déi erkenne kënnen ob z.B. e Bild KI-generéiert ass. Déi funktionéieren awer net ëmmer zu 100%, an dat ass dann eben och de Grond firwat oft op de verschiddene Plattformen awer nach Biller opdauchen, déi gefaked sinn.
... also ass et um Enn wéi bei esou Villem am Liewen: net ëmmer alles direkt fir bor Mënz huelen a léiwer 2x iwwerleeën éiert Dir eppes am Internet gleeft.