An zwee Méint ass zu Basel de Eurovision Song Contest 2025. Fir sech dorop anzestëmmen, kënnt d'Loreen op Lëtzebuerg!

06/03/2025 Loreen @ den Atelier

2012 zu Baku mat "Euphoria", 2023 zu Liverpool mat "Tattoo" - d'Loreen huet fir Schweden direkt zwee Mol den ESC gewonnen. D'Kënschtlerin ass déi eenzeg Fra a réischt déi zweet Persoun iwwerhaapt déi dat fäerdegbruecht huet.

Ronderëm déi ganz Welt ass d'Loreen fir seng häerzlech a buedemstänneg Aart a Weis bekannt. D'Loreen huet awer och kee Problem domat seng politesch Meenung ëffentlech matzedeelen. Dat war zum Beispill bei senger éischter ESC-Participatioun 2012 de Fall, wéi d'Kënschtlerin sech iwwert d'Lag vun de Mënscherechter am Aserbaidjan geäussert a sech mat Oppositionellen aus dem Land getraff hat. Mat senger Reechwäit setzt d'Schwedin sech och vill fir Inclusioun an. Zum Beispill hat d'Loreen am Joer no senger éischter ESC-Victoire den Hit "Euphoria" mat engem Chouer aus Kanner a Leit ouni Gehéier performed - och a Gebäerdesprooch.

Nieft senger ESC-Karriär huet d'Loreen och schonn zwee Alben erausbruecht. Aktuell schafft d'Kënschtlerin um nächste gréissere Release, mat "Forever", "Warning Signs" a "Gravity" si schonn éischt Single-Auskopplungen dobaussen.