
© Nainoa Shizuru
Télévie, Luxexpo, Rockhal a LuxFilmFest.
Mir fänke mam Télévie un. D'Commission à l'égalité des chances, promotion de la famille et de la petite enfance vun der Dippecher Gemeng invitéiert muer op eng Marche Gourmande. Op de 7 oder 10 Kilometer, sinn 3, respektiv 6 Statioune geplangt. Depart beim Centre Culturel zu Betteng op der Mess tëscht 9:30 an 11:30.
Fir d'Frënn vun Edelsteng, Kristaller,Konschthandwierk a Bijouen féiert dëse Weekend kee Wee laanscht d'Luxexpo. Haut a muer, vu Moies 10:00 bis Owes 18:00 ass erëm d'Mineral-Expo.
Wien nach net genuch vun der Fuesent huet, ka muer op Schëffleng reesen. D'asbl Folklorama invitéiert op d'Schëfflenger Kavalkad. Déi 17 Ween, 3 Museksgruppen an 20 Gruppen zu Fouss leeën um 15:00 lass.
Soss sinn dëse Weekend eng Partie Filmer vum Luxembourg City Film Festival programméiert an de Musical Mamma Mia ass och nach haut a muer an der Rockhal op Besuch.
An dann nach kuerz de Bléck op e Méindeg, do fänkt dem däitsche Museker Joris seng Zu Viel Retro-Tour hei zu Lëtzebuerg un. De Concert ass zu Diddeleng OpderSchmelz, d'Diere ginn um 19:00 op an d'Emily Grogan, Sängerin aus dem Grand-Duché, spillt am Virprogramm.