
Aner Länner, aner Bräich seet een wann een op d'Rees geet. Awer och bei den Déieren, oder an eisem Fall bei den Honn kann een net all Rassen iwwer ee Leescht zéien. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall matbruecht, dee fir vill Opreegung an Häerzklappen bei dem Hond sengem Meeschter gesuergt huet.
De jonke Labrador Donald ass bal gebascht vu Liewenskraaft. Seng Leit hunn hien och mat ganz laangen Trëppeltouren duerch de Bësch net midd kritt. A seng Schossel hat den Donald eidel iert se richteg um Buedem stoung. Dass hien ganz vill gedronk huet, hu seng Leit mam Dréchefudder erkläert. An dass hien ouni Ursaach och a ganz entspaante Situatiounen oft emol komesch gehechelt huet, dat huet een drop zeréckgefouert, dass déi Labbyen eben e bësse jaus wieren.
Déi iwwerdriwwen Nervositéit ass virun allem bei de jonken Honn vun där Rass jo awer wierklech bekannt?
Well de Donny awer ëm Vältesdag e grousst Schockelashäerz verhaft- a bis op de Pakpabeier ganz eragefeiert hat, huet een elo gefaart, déi Hechelkrisen kéinten domadd och emol nach eppes ze dinn hunn. A well Vergëftungen mam Schockelastoxin 'Theobromin' wierklech immens geféierlech sinn, ass léiwer emol e groussen Checkup mat enger Bluttanalys gemaach ginn. D´Resultater vun deem Bilan hunn dunn d´Diagnos bruet: de Donny hat éischt Unzeechen vun enger Niereschwächt. A well d´Schockelasgëft virun allem grad iwwert d´Nieren eliminéiert gëtt, ass en Zesummenhang mat där geklauter Schneekerei schonn warscheinlech. Bis d´Kontroll an e puer Wochen gouf de jonke Geck op alle Fall emol op ee strikten Niereschounrégime gesat.