D'Erna Hennicot-Schoepges ass eng 'Grande Dame' aus der Politik, awer si ass vill méi villsäiteg wéi dat, an huet Talenter déi vläicht net sou bekannt sinn, oder hätt dir nach gewosst, dass si d'Colette vum Radio war. Déi fréier Ministesch an éischt Chamberpresidentin verréit, wéi dat wierklech mat de Steng beim Pei Musée war. Den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten ginn och gewuer, dass si houfreg op hire Rond-point zu Walfer ass. Mir héiere firwat si zwee Fligelen doheem huet, wéi se hire Mann kennegeléiert huet, an si gëtt d'Rezept vun engem gléckleche Mariage.  Piano: Marc Schmidt

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Minister Fränz Bausch. Een vun de leschte Lakerten zielt iwwer seng Haassléift zu der Schoul a seng Aarbecht op der Bunn. Thematiséiert gëtt de Wandel vum Sozialist bei déi Gréng. Rieds geet vun der ominéiser Trapebesetzung an der Chamber, vun ofgeseeten Luuchtepottoen, der Nordstrooss an de Radaren a mir ginn gewuer op hien wierklech e Porsche huet, wéi ëmmer nees behaapt gëtt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen