Op Äschermëttwoch huet d'Faaschtenzäit ugefaangen. Et geet drëms wärend 40 Deeg e bësschen manner z'iessen, op déi gutt Saachen ze verzichten an dann géif dat sech Ouschteren um Kierper a bei der Gesondheet weisen. Mee ass dat wierklech esou, an ass dat iwwerhaapt gesond? Den Dokter Marc Keipes vum GesondheetsZenter op der Gare ass der Fro nogaangen.

Wann et een Thema an der Medezin gëtt, wou ech meng Meenung, duerch nei Fakten an Honnerten vu Studien geännert hunn, dann ass et d'Faaschten. Ech sinn ëmmer vu komplett sënnlos ausgaangen, an ech hunn mech ëm 180 Grad gedréit. Net nëmmen, dass et e Schutz virun enger Rëtsch Krankheeten ass, am Beräich Zivilisatiounskrankheeten wéi Bluttdrock, Zocker, Häerzinfarkt, et hëlleft och eisem Immunsystem. Leeschtungsfäegkeet geet erop, duerch déi laang Pausen beim Intervallfaaschten, léieren eis Muskelen méi séier tëscht Zocker- a Fettverbrennung ze wiesselen an den Ausdauersport gëtt méi einfach. Ofhuelen kann een och domadder, wann een duerno net nees an déi schlecht Iessgewunnechten vu virdrun komplett zréckfält.

An dat, wat um Enn op der Wo ugewisen gëtt, ass nëmmen eng positiv Säit.

Wann een sech doduercher dann och méi vital fënnt, hëlleft dat dem Selbstwäertgefill an der gudder Laun. Et gëtt och méi Serotonin produzéiert. Wou dat hierkënnt, schätzen d'Spezialisten esou an, dass dat de Courage vum Jäger a Sammler gestäerkt huet, fir dass en d'Motivatioun weider ze maachen net verluer huet, wann wéineg Nahrung do war. Wann der dann an d'Depressioun faalt an ophalt dann erhéngert der. E féierenden Spezialist behaapt souguer, dass een méi laang gesond lieft an der Demenz virbeugt.