
© Patrick Greis
De fréieren Minister a Vizepremier Fränz Bausch ass een vun de leschte Lakerten. Am Café des Artistes am Gronn gëtt de Wandel vum Sozialist bei déi Gréng vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten thematiséiert. Hien zielt iwwer seng Haassléift zur Schoul a seng Aarbecht op der Bunn. Rieds geet vun der ominéiser Trapebesetzung an der Chamber, sengem Talent fir d'Zéiharmonika, vun ofgeseeten Luuchtepottoen, der Nordstrooss an de Radaren. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de François Bausch dass hien zu Weimeschkierch um Sonnebierg nieft de Wäschbueren gebuer ass, an dass d'Mentalitéit vun de Lakerten nach bis haut och e bësschen an him stécht. Hien verréit wéi et fir hien war, als fréieren Géigner vun der Nordstrooss, spéider als Transportminister d'Bännchen duerchzeschneiden a mir ginn gewuer wéi et zum Shitstorm mat den Luuchtepotoen koum déi ofgeschnidde goufen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen