Den 10. Juli 2024 ass de François Bausch mat enger leschter Ried an der Chamber zréckgetrueden a genéisst zanterdeem seng politesch Pensioun. Zanter 1986 ass hie Member vun de Lëtzebuergesche Gréngen, mat deenen hien als Deputéierten a spéider als Minister Politik fir d'Land gemaach huet. Am 'Café des artistes' am Gronn gouf hie vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten op allerlee Spiichten ugeschwat, an et gouf och e puer Hannergrondinformatiounen zu Decisiounen, déi hien als Minister geholl huet. Piano: Marc Schmidt

11-03-2025 RTL-Afterwork: mam François Bausch (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de François Bausch, wat hie schonn vu Klengem u revoltéiert huet. Mir héieren, dass hie mat 17 Joer d'Schoul ofgebrach huet an op d'Bunn schafe gaangen ass, a mir gi gewuer, wat hie vun de ville Walplakater hält, déi ëmmer nees opgehaange ginn fir d'Landschaft ze verschéineren.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen